Quantcast
Channel: Kommunikation – podcast.bee-secure.lu
Viewing all articles
Browse latest Browse all 3

Kommunikatioun as keng Einbahnstrooss

$
0
0

Salut, hei ass d´Anne vu BEE SECURE.

Ech hunn iech op dëser Plaatz scho méi dacks vun de verschidde Sécherheetsaspekter bei WhatsApp geschwat. Et ass leider nach ëmmer sou, dass dëst Medium net grad zu deene sécherste Méiglechkeeten ze kommunizéieren, zielt. Vill Programméirer an Fachjournalisten kritiséieren, dass  op Hiweiser an Verbesserungsvirschléi relativ lues bis guer net reagéiert gëtt. Et gëtt ëmmer rëm ervirgehuewen, dass d´User mat Donnéeë bezuelen, am Géigenzuch awer wéineg Sécherheet kréien. Dat schéngt trotzdem ganz vill Leit vu allen Alteren net dovun ofzehalen, d´App fir hir Kommunikatioun ze notzen. Mëttlerweil hunn méi wéi 4 Milliounen User weltwäit dëse Wee mateneen ze schwätze, gewielt.

Dëse Wee ass awer keng Einbahnstroos. Et gëtt ganz vill Ofzweigungen bis et iwwerhaapt zum Gespréich kënnt an genee déi Prozesser, déi sech hei ofspillen hunn eis Kollege vu saferinternet.at ënnert d´Lupp geholl. Als Beispill hunn si de Gruppenbildungsprozess an neie Schoulklasse benotzt.

Si orientéieren sech heibäi um Phasenmodell vum Bruce Tuckman, deen déi eenzel Phasen am Kader vun der Entwécklung vun engem Team beschreift. Déi éischt Phase gëtt Forming genannt. Während dëser Phase huelen d´Leit Kontakt mateneen op. Dës kann also mam Schoulufank verbonne ginn, un deem d´Schüler sech kënne léieren. Am Bezuch op WhatsApp ass dëst d´Phase wou immens vill Chatgruppe gegrënnt ginn, déi zu engem groussen Deel awer dagsdrop scho rëm geläscht ginn.

Déi zweet Etapp gëtt dann als Storming bezeechent, dem Tuckman zufolgen ass dëst de Moment vun den Ausernanersetzungen an d´Straitphase. Während dëser Zäit gëtt an enger Schoulklass lues an lues definéiert, wien wéi eng Roll an Plaz an der Klass huet. Zu dësem Moment grënne bestëmmte Schüler scheinbar vill Gruppen, an deenen se dann och mat agéiren, fir hir Wichtegkeet am Klassekontext ze steigeren. Saferinternet.at zufolgen solle vill Klassen um Enn vu engem Schouljoer beispillsweis ëm déi 15 WhatsAppgruppen hunn an deene matenee kommunizéiert geet.

Beesecure_bild1

(CC BY-NC 2.0 by iita media library via flickr.com)

Dës grouss Unzuel, bréngt awer och eng grouss Unzuel vu Message mat sech an dofir kënnt et zu dem wat den Truckman als Normingphase an duerno als Performing bezeechent, d´Zuel vun den Chatgruppen gëtt also reduzéiert, se ginn de Besoine vum Klassen-Team ëmmer méi ugepasst an zum Schluss bleiwe vill manner Gruppen iwwreg déi sech op ganz spezifesch Punkten, wéi zum Beispill d´Hausaufgabe bezéien an virun allem och gefestegte Reeglen folgen.

Grad fir d´Léierpersonal ass et wichteg gemeinsam mat der Schoulklass iwwer d´Notzung vu WhatsApp ze diskutéieren. Et sollt kloer doriwwer nogeduecht ginn, firwat d´Gruppe gegrënnt ginn, wien wei eng Responsabilitéiten dréit an de jeeweilege Gruppen an et sollt sech op gemeinsam Regele geeenescht ginn.

Dës gëllt genee sou fir d´Notzung vun aneren Instant Messageing Apps. Wien sech fir Alternativen zu Whatsapp interesséiert, ka gär eng Kéier op der Säit t3n. de laanscht surfen, hei fannt dir eng Lëscht mat weideren Apps an dei dozougehéiereg Rezensiounen.


Viewing all articles
Browse latest Browse all 3

Trending Articles