Salut, hei as d´Anne vu BEE SECURE.
Säit e puer Méint gëtt bei BEE SECURE, an de Medien, an Schoulen, op diversen Aarbechtsplazen an eben iwwerall soss wou Informatioune fléissen, iwwer d´Verschlësselung vun Donnéeë geschwat. Souguer Leit, déi aus Versehen den Internet läschen an fir déi de Web eben sou Neiland ass, wéi fir d´Madame Merkel, déi hu matkritt, dass dat ganzt iergendeppes mat Dateschutz an eben iergendeppes mat Schlësselen ze dinn huet. Wat dat fir Schlëssele sinn, wéi vill et der gëtt an wéi se verdeelt ginn, dat wëssen an verstinn awer déi mannst.
Et handelt sech natierlech ëm en relativ komplexe System, mä dat heescht net, dass een en net awer einfach erkläre kann an virun allem heescht dat, dass och een, deen sech vläit net sou gutt auskennt, et verstoe kann. Dofir ginn ech haut mäin bescht fir iech den Ënnerscheed tëscht privat an public keys ze erklären. Wann et mer net gelénge sollt, hutt der d´Recht mer de Mond mat engem Virhängeschlass zouzespären an de Schlëssel ewech ze geheien.
Bei der Verschlësselung vu Mails geet et ebe grad net drëm Schlësselen ewech ze geheien, mä der auszetauschen. Mä fänke mer vu fir un: Den aarme Joel muss mol rëm eng Kéier hierhalen als Beispill, mä haut dinn ech ëm keen Tüttü un, keng Angscht.
Fréier wou de Joel an ech nach jonk a schéi waren, dunn hunn mir eis heiansdo Postkaarte geschéckt. Ech hunn mech gefreet dem Joel eppes schreiwen ze kënnen, an hien huet sech, souwäit ech weess, och gefreet, wann en dat ze liese krut, wat ech ëm matdeele wollt. De Witz bei der Saach war just, dass hien net deen eenzege war, deen sech freeën an mäin Message liese konnt. De Fait, dass meng Postkaart souzesoen ongeschützt de Wee vu mir bei hien huet missen duerchstoen, huet mat sech bruecht, dass jiddereen dee fir den Transport vu A op B zoustänneg war, e Bléck op meng Zeile werfe konnt. Hei geet et weder dorëm all Bréifdréier op der Welt ze vill Fuerwerz ze ënnerstellen, nach ka gesot ginn, dass wann een näischt ze verstoppen huet, een och näischt ze fäerte bräicht. Et ass eigentlech häerzlech egal, op ech dem Joel op der Kaart just e schéine Bonjour aus der Vakanz wollt schécken oder ëm mäin ganze Plang fir un d´Weltherrschaft ze gelaange matdeele wollt. Mir hunn als Bierger e Recht op Privatsphär an dofir geet d´Kommunikatioun tëscht him an mir keen aneren eppes un.
Wou de Joel an ech dunn bis net méi sou jonk an och net méi sou schéi waren, hunn mer geléiert, dass eng Enveloppe eis schonn e gutt Stéck weiderhëllefe kann, wa mer net wëllen, dass een an eis Saachen eraluusst. An wou mer du matkruten, dass och online Bréiwer hin- an hir konnte geschéckt ginn, hunn mer eis fir e kuerze Moment der Fantasie higinn, dass d´Mail um Wee bei deen anere jo lo net méi duerch friem Fanger goe misst. Mä d´Tatsaach, dass eis Message lo net méi physesch vun engem beréiert ginn, bedeit net, dass keen aneren en Zougrëff op se huet. Am Endeffekt ass aus dem Postamt an dem Bréifdréier just en Internetprovider ginn.
(By zebble via flickr.com)
An genee do komme lo d´Schlësselen an d´Spill. Wann de Joel an ech matenee kommunizéiere wëlle brauche mer evidenterweis zwee Schlësselen. De sougenannte private Schlëssel, dee behalen ech, an den ëffentleche Schlëssel, dee ginn ech dem Joel. Hee erhält dee Schlëssel awer net per Mail, well wann ech deem Kanal vertraue géing, da géing ech meng Message jo net verschlësselen. Dofir hannerleeën ech säi Schlëssel op engem öffentlech Key Server. Mat deem Schlëssel kann den Joel lo seng Botschaft un mech verschlësselen. Wann de Joel mir lo dëse verschlësselte Message zeréckschreiwt, kann ech dee mat mengem private Schlëssel rëm entschlësselen.
Déi Schlëssele sinn natierlech keng richteg Schlësselen, mä bestinn aus enger bestëmmter Offolg vun Zuelen, also enger Art duebelem Passwuert. Déi zwee Schlësselen hänken zwar mathematesch zesummen, mä den private Schlëssel, kann net unhand vum ëffentleche Passwuert errechent ginn.
Joel an ech mussen déi Schlësselen awer glécklecherweis net selwer errechnen, do wier mengen ech eng Bréifdauw mat nëmmen engem Flillek nach méi séier, mä mär kënnen déi gratis vun engem Verschlësselungsprogramm erstelle loossen. Wéieng Programmer een do beispillsweis benotze kann, dat kucke mer eis dann d´nächste Kéier zesummen un.